Den ACEL Studentecorner

Du wëlls deemnächst studéiere goen an hues dausend Froen? Oder du bass aktuell op enger Uni oder enger Héichschoul ageschriwwen, mee och hei ginn et Onkloerheeten? Dann ass den ACEL Studentecorner genee déi richteg Sendung fir dech!

Den ACEL Studentecorner

Latest episodes

Episod 19 - D'ALUS an den LSH op Besuch

Episod 19 - D'ALUS an den LSH op Besuch

15m 29s

Den 28. August waren d'Hannah vun der ALUS an de Seid vum LSH am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne sech d'Stied Stroossbuerg an Heidelberg als Studentestied méi genee ugekuckt. Wou kann een hei gutt iesse goen a richteg Party maachen? Wéi ass d'Wunnengssituatioun? Wéi eng Oplage ginn et op de jeeweilegen Unien an Héichschoulen? Alles dat a nach vill méi an dëser Editioun vum Studentecorner am August.

P.S.: zu Stroossbuerg gëtt engem Member vun der ALUS sécherlech net langweileg, well hei stinn zwee Eventer pro Woch un!

Episod 18 - D'Oochener REEL op Besuch

Episod 18 - D'Oochener REEL op Besuch

21m 48s

Den 21. August waren d'Leny an de Philippe am ACEL Studentecorner op Besuch. Dobäi huet et sech ëm eng speziell Sendung gehandelt, well hei huet sech alles ëm d'REEL zu Oochen gedréint. Esou huet d'Anne mat hinnen iwwert d'REEL am Allgemenge geschwat. De Programm gouf am Detail gekuckt an och iwwert d'Journée Politique gouf diskutéiert. D'Diana vun der ACEL huet och nach erkläert, wat d'Aufgabe vun der ACEL bei enger REEL sinn.

P.S.: Oochen huet och eng ganz magesch Zuel - nämlech d'Siwen!

Episod 17 - Den AVL an d'ALSEP op Besuch

Episod 17 - Den AVL an d'ALSEP op Besuch

20m 45s

Den 31. Juli waren den Thomas vum AVL an d'Sophie vun der ALSEP am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert den AVL an d'ALSEP geschwat. Wéi ass et zu Oochen ze studéieren? Wat kann een alles zu Ooche studéieren? Wéi gesäit de Bildungswee vun enger Joffer oder engem Schoulmeeschter aus? A wat kann een sech ënnert dem Studium Heelpädagogik a Musekspädagogik virstellen?

P.S.: Oochen huet och eng ganz magesch Zuel - nämlech d'Siwen!

Episod 16 - Lille an d'Luxéire op Besuch

Episod 16 - Lille an d'Luxéire op Besuch

20m 16s

Den 2. Juni waren de Mats vun der Luxéire an de Guillaume vu L.i.l.l.e. am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Luxéire a L.i.l.l.e. geschwat. Wéi ass et an Irland ze studéieren? Wou kann een iwwerall an Irland studéieren? Wéi ass et zu Lille zu studéieren? Firwat ass Lille esou eng flott Stad fir ze studéieren? Wat fir Eventer organiséieren, déi zwee Cerclen iwwert d'Joer?

P.S.: déi zwee Cerclë stiechen nach an hire Kannerschong, well si goufe réischt 2025 gegrënnt!